Skip to main content

Mobbing

Etappen vum Mobbing

Firwat a wéi kann Mobbing entstoen?

D'Grënn fir Mobbing kënnen organisatoresch oder individuell sinn. Allerdéngs entsteet e Fall seelen eleng mee et ass dacks eng Mëschung aus verschiddene Grënn.

Organisatoresch Grënn:

Den Mëssbrauch vun hierarchescher Muecht ass op éischter Plaz vun den organisatoresche Grënn. Dëst ka vum Manager, dem Chef vum Departement an/oder dem Patron selwer ausgoen.

Oft gëtt den Mobbing vun der Organisatioun oder der net vorhandener Organisatioun vun der Aarbecht provozéiert. Wann ze vill Aarbecht ass, awer net genuch Personal, kann d‘Ausnotzen vun den verschidde Leit ouni adequat Belounung an/oder Valorisatioun schif goen. En Direktiounswiessel, eng Reorganisatioun oder eng Fusioun verwandelt sech an e chaotesche Stuerm. Wann d'Situatioun net nëmmen temporär ass an net kloer ass wien d'Verantwortung huet oder déi net existent ass: "Wien mécht wat? Bei wiem soll ech meng Bedenken mellen? asw. ”, entsteet eng bestänneg Frustratioun bei den Ugestallten, déi Mobbing tëscht Kolleegen provozéiere kann.

Leider ginn et Fäll, wou, aus der Siicht vun dësen Firmen, Mobbing manner kascht wéi e Sozialplang an dofir gëtt d'Taktik vum Mobbing ugewannt fir den Leit lass ze ginn.

 

Individuell Grënn:

Déi Leit déi komplett an hirer Aarbecht opginn, déi se mat Leif an Séil maachen, fannen sech oft an enger Mobbingsituatioun erëm. En grousst professionellt Engagement léisst oft bei den Aarbechtskolleegen eng Angscht vir hier eegen Positioun an der Firma aus. Des selwecht Persoun kann awer an engem aneren Grupp komplett acceptéiert an wäertschätzt ginn.

Et ass méiglech, dass verschidden Charakterzich vun enger Persoun den Prozess ausléisst, zum Beispill perfektionistesch, sensibel, schei, asw. mee dat well net heeschen dass den Mobbing seng Schold ass.

Et geet och schonn duer, dass eng Persoun wéinst hirer Perséinlechkeet, hirem Geschlecht, hirer Hautfaarf, hirem kulturellen, politeschen oder gewerkschaftlechen Engagement, ewéi och hirer Nationalitéit, an enger Grupp op eng Positioun gesat gëtt di sozial méi wichteg ass.

Déi Persounen déi an hirem Privatliewen engem psychologeschen Stress ausgesat sinn oder waren (Stierffall, Scheedung oder Krankheet) kennen heiansdo des Onzefriddenheet an hiert Aarbechtsliewen transportéieren.

 

Wouhin kann Mobbing féieren?

D’Konsequenzen vir d’Affer:

Den Mobbingprozess kann d’Gesondheet, an Form vun Verdauungsproblemer, Iwwelzegkeet, Schlofmangel an Häerz-Kreeslaf-Probleemer, beaflossen. Déi heefegst psychologesch Manifestatiounen sinn Konzentratiounsprobleemer, Verzweiwlung, Angschtzoustänn, Panikattacken, gereizten an aggressiv Stëmmung. Den Prozess vum Mobbing op laang Dauer kann zu engem generellen Mësstrauen féieren, och an aneren Beräicher vum Liewen, an kann eng fundamental Ännerung vum der Attitüd ervirruffen. Des weideren, kommen Gedanken op déi bestänneg em déi erlieften Erniddregung dréien. Eng Distanz tëschent den Evenementer an den individuellen Geleeënheeten ze regeneréieren gëtt reduzéiert. Dëst kann zu enger kompletter physescher an mentaler Middegkeet, enger schlëmmer Depressioun an souguer zu Selbstmordgedanken féieren.

D’Konsequenzen vir d’Firma:

En Produktivitéitsreckgang wéinst enger Erhéijung vun den Krankeschäiner, intern Entloossunge vun den Ugestallten, e Réckgang vun den Leeschtunge, droen dozou bäi, dass Entloossungen an nei Formatiounen néideg ginn.

 

Wat maachen wann ee Mobbing-Affer ass?

  1. Analyséiert suergfälteg den Probleem

    Eng wichteg Hëllef as en chronologeschen Rapport ze schreiwen, dat heescht alles opschreiwen, mat dem genauen Datum, den Attacken an den Evenementer déi op der Aarbecht virgefall sinn, mat den Nimm vun den concernéierten Leit.

    Fëllt d'Lescht vun den 45 Faiten vum Heinz Leyman aus vir d’Attacken mat ären eegenen Beispiller ziwerpreiwen an ze verglaichen. Wann d’Situatioun nach an engem fréizäitegen Stadium ass, ass d’Gespréich mam Mobber nach méiglech an dëst ass den Moment vir kloer an däitlech STOPP ze soen.

  2. Innerhalb vun der Firma

    Vir ären mentalen Equiliber, braucht dir eng Persoun mat där dir iwwert äert Erlieftes schwätzen kennt. Sicht iech Alliéiert, är Aarbechtskolleegen, déi och Zeien kennen sinn.
    D’Isolatioun ass keng Léisung.
    D’Personaldelegatioun vun der Firma ass en wichtegen Partner, well se dat legaalt Mandat (Gesetz vun der Personaldelegatioun) huet vir den Schutz vun all Aarbechter ze garantéieren. Des weideren huet se déi juristesch an interne Muecht vir dass sech justifieiert Reclamatiounen lounen. Den Mobbing diskreditéiert net nëmmen déi gesellschaftlech Situatioun vun deenen Betraffene, mee setzt och d'wirtschaftlech Existenz vun Eenzelen oder ganz Famillen a Gefor. Mat der Ënnerstëtzung vun der Personaldelegatioun sinn d'Chancen vun deenen, déi vum Mobbing betraff sinn, eng zefriddestellend Léisung ze fannen, an hirer Faveur.
    Vir d’Hierarchie (ären Virgesetzten, d’Ressources Humaines an/oder ären Patron) an Kenntnis ze setzen, ass et wichteg den Organigramm vun der Firma ze kennen.

  3. Ausserhalb vun der Firma:

    Gitt weider Informatiounen sichen: d’Gewerkschaft an/oder den Affekot vun ärer Wiel kann iech iwwert är Rechter renseignéieren.
    Wat är Gedanken méi em d’Situatioun op der Aarbecht dréinen, waat dir méi den Risiko hutt, dass är physesch an mental Gesondheet ënnert den Mobbingattacken leit; huelt iech also Zäit vir no iech ze kucken!
    Consultéiert en Dokter vun ärem Vertrauen/Aarbechtsdokter, wann dir Symptomer opweist, vir en méiglechen Schued op laang dauer vun ärer Gesondheet virzebeugen.
    Schafft un ärem Vertrauen un iech selwer!
    Sicht och aner Professioneller/aner Servicer, déi iech déi néideg Ënnerstëtzung kennen ginn, déi dir braucht.
    Huelt Ofstand a kreéiert en kierperlecht a mentaalt Gläichgewiicht fir Iech vu konstante Gedanken iwwer är Probleemer ofzelenken. Oft kennt den éischte Support vu Familljememberen a Frënn. Iwwerdreift net mat reegelméissegen Reklamatiounen an Onzefriddenheeten bei hinnen fir d'Iwwerlaascht vun hirer Privatsphär ze vermeiden.
    Heiansdo mëscht eng schwéier Situatioun eis op eis Prioritéiten am Liewen opmierksam. Iwwerleet wat är privat Zieler an Alternativen vir äert Beruffsliewen sinn, well eng Kris kann sech an eng Chance ëmwandelen.

 

Opgepasst!
Egal wei schwéier et ass vir déi Mobbingsituatioun op der Aarbecht ze erdroen, keen soll iwwerstierzt kënnegen.
Deejéinegen deen kënnegt oder en commun accord ënnerschreiwt, huet keen Recht op Chômage! Wann d’Aarbecht wéinst dem Mobbing ondrobar gëtt an dir keng Léisung fannt, sicht iech an aller Rou an Diskretioun eng nei Aarbechtsplaz, an wärend dëser Zäit, musst dir net op är Pai, déi vun ärer aktueller Aarbechtsplaz kennt, verzichten.

 

Krankeschäin:
Bleift net passiv wärend ärem Krankeschäin. Sicht iech Hëllef an Ënnerstëtzung bei deenen verschiddenen Associatiounen. Et ass wichteg erëm Selbstvertrauen ze gewannen. E verlängerten Krankeschäin féiert warscheinlech zu der Opléisung vum Aarbechtsverhältnis, entweder op Initiativ vum Patron no der Schutzperiod vun 26 openeenfolgenden Wochen oder automatesch no 78 Wochen iwwer eng Period vun 2 Joer. Aus dësem Grond ass eng aktiv Astellung essentiell fir iech.

 

Kontaktéiert d’Mobbing asbl wann dir nach wieder Froen oder iergendwellech Zweiwel hutt.

Wann dir Zeien vun Mobbingattacken sidd, reagéiert! Toleiérert den Mobbing net.

 

An eiser Rubrik "Publikatiounen" fannt dir nach wieder Dokumenter déi iech kennen weiderhëllefen.

Dokumenter