Skip to main content

Mobbing

Geschicht

D'Mobbing asbl (Lëtzebuergesch Vereenegung géint de Mobbing a Stress op der Aarbechtsplaz) gouf 2001 vun der Mme Monique BREISCH, Herrn Lex BREISCH an Dr. Carlo STEFFES gegrënnt. Sie ass d'Ergebnis enger Campagne zur Verhënnerung vun Mobbing säit 1998.

D'Mobbing asbl gouf an Zesummenaarbecht mat der Gewerkschaft LCGB an der Eisebunnsgewerkschaft Syprolux gegrënnt an ab 2003 vum Ministère du Travail, de l'Emploi et de l'Économie sociale et solidaire ënner Vertrag geholl.

 

 

PLUS / MEHR / MORE / MÉI

Definitioun

De Begrëff "Mobbing" ass ofgeleet vum Engleschen "to mob" an bedeit belästegen, attackéieren, kritiséieren.

No der Konventioun vum 25. Juni 2009 iwwer Mobbing a Gewalt op der Aarbecht, deklaréiert vun der allgemenger Verflichtung vum Groussherzogleche Reglement vum 15. Dezember 2009, entsteet Mobbing wann eng Persoun, engagéiert vun der Firma, falsch, widderholl a bewosst Akten géint en Aarbechter oder Virgesetzten ausübt, dei folgend Ziel oder Effekt huet:

PLUS / MEHR / MORE / MÉI

Etappen vum Mobbing

Firwat a wéi kann Mobbing entstoen?

D'Grënn fir Mobbing kënnen organisatoresch oder individuell sinn. Allerdéngs entsteet e Fall seelen eleng mee et ass dacks eng Mëschung aus verschiddene Grënn.

PLUS / MEHR / MORE / MÉI

Vir den Patron

Als Patron vun enger Firma, kennt dir nemmen profiteieren, wann dir eviteiert, dass Mobbing an ärer Firma opkennt. Wann dir en gesond Aarbechtsklima hutt, profiteiert jidwereen dovun:

  • motiveiert Personnal
  • Erheijung vun der Aarbechtsqualiteit
  • staark Identifikatioun vum Personal mat der Firma
  • reduzéiert Absencequote
  • héich Personalflexibilitéit
  • etc.

All déi uewe genannte Punkte feieren dozou, dass d‘Rentabilitéit vun der Firma eropgeet.

PLUS / MEHR / MORE / MÉI

Vir den Mataarbechter

Dir wësst net op et sech bei ärer Situatioun em Mobbing handelt? Fëllt d'Lescht vun den 45 Faiten aus.
Dir wësst et schonn an wësst awer net wei dir sollt mat der Situatioun ëmgoen? Handlungsmëttel vir Mobbing-Affer

Hei fannt dir nach wieder Dokumenter déi iech kennen weiderhëllefen.

PLUS / MEHR / MORE / MÉI